Actualités

Aktiv Bedeelegung am Schoulalldag

23/10/2019

219 Jonker kruten de 17. Oktober 2019 no hirer Ausbildung zur Peer-Médiatrice an zum Peer-Médiateur hiren Zertifikat vum Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kandheet a Jugend bei enger feierlecher Zeremonie am Lycée Aline Mayrisch (LAML) iwwerreecht.
Déi 150 Lycéesschüler*innen, 41 Grondschoulschüler*innen an 28 Schüler*innen aus Maisons relaisen déi en Zertifikat kruten, hunn während hirer Ausbildung geléiert, wéi si hire Matschüler*innen am Fall vun engem Konflikt kënnen hëllefen, eng gemeinsam friddlech Léisung ze fannen.

Nieft den Zertifikater fir déi Jonk goufen deen Dag och 51 Projektmitarbeiter*in a Coaches- Zertifikater u Schoul- a Maison relais-Personal verdeelt, dat sech am Kader vum Projet weidergebilt huet, fir déi Jonk an hirer Tâche ze begleeden.

Zanter dem Schouljoer 1999-2000 gëtt et de Projet Peer-Mediation im Schulalltag fir Lëtzebuerger Lycéeën. Mëttlerweil sinn och 3 international Lycéeën, 4 Grondschoulen an, zanter September 2018, och 4 Maisons relais mat derbäi. Ënnert der Leedung vum SCRIPT a vum Service national de la jeunesse (SNJ) goufe bis elo iwwer 2000 Schüler*innen zu Peer-Médiatricen a Peer-Médiateuren ausgebilt.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu