Actualités

D’Lëtzebuerger Sprooch am Mëttelpunkt

Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
18/11/2019

De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Luc Marteling, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, der Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig, an de Grënner vu spellchecker.lu, Michel Weimerskirch, Materialien an Online-Outile virgestallt déi et sollen erméiglechen, d’Lëtzebuerger Sprooch richteg ze schreiwen.

Presentéiert goufen och zwee Bicher, déi de SCRIPT mat editéiert huet:

  • D’Lëtzebuerger Orthographie, dat offiziellt Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie vum ZLS, dat aktualiséiert a completéiert gouf. D'Buch kann ee gratis beim ZLS bestellen. Déi offiziell Lëtzebuerger Orthografie fënnt een och iwwersiichtlech um Internetsite www.zls.lu, wou ee sech duerch d'Reegelen klicken oder se direkt als PDF-Datei erofluede kann.
  • Eis Sprooch richteg schreiwen, d’Léierwierk vum vum Josy Braun, dat vum ZLS ugepasst gouf. D’Buch kascht 15 Euro.

All d’Informatiounen zu der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an zu de Materialien an Online-Outile fir Lëtzebuergesch richteg ze schreiwe sinn am Pressedossier vum Educatiounsministère ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu