Actualités

kannerzait.lu: Iddie fir flott Stonnen zesummen

kannerzait.lu: Iddie fir flott Stonnen zesummen
29/03/2021

An Zäite vu Pandemie ass et besonnesch wichteg, dat soziaalt Liewen ze fleegen trotz deene sëllege Restriktiounen.
Ee Mosaiksteen fir dat ze ënnerstëtzen ass den neie Webportal www.kannerzait.lu, op deem Kanner an Elteren eng Hellewull vun Iddie fanne fir flott Stonnen zesummen ze verbréngen.

Um Site, dee vum SCRIPT entwéckelt gouf a betreit gëtt, fënnt een d’Muséeë mat kandgerechten Ausstellungen an Aktivitéiten esouwéi d’Theaterstécker, déi speziell ee jonke Public uspriechen.

kannerzait.lu bitt Informatiounen iwwert Aktivitéiten, déi een dobausse ka maachen, zum Beispill spannend Trëppeltier, Sportaktivitéiten a Saachen, déi ee kann an der Natur bastelen. À propos Bastelen: Um Webportal sinn och Bastel- a Beweegungsaktivitéite fir doheem.

Et ginn op dësem Site och all Spillreegele vun de Gesellschaftsspiller aus der Spillkëscht, déi dëser Deeg un d’Klassen aus der Grondschoul verdeelt gouf.

Doriwwer eraus ginn Iddien a Material am Kader vu www.schouldoheem.lu ugebueden an et kënnt een vun dësem Portal aus direkt bei déi flott Videocoursë vu Schouldoheem On Air!

Da gëtt et nach eng Sektioun mat Linken zu allem, wat ee muss wëssen iwwer d’Moossname géint de Covid-19-Virus, mee och zu deenen Institutiounen un déi ee sech ka wenden, wann een Hëllef brauch.  

kannerzait.lu gëtt reegelméisseg mat neien Aktivitéiten an Informatiounen aktualiséiert. 

De Site gëtt et op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu