< retour
De 6. Mäerz (Tramsschapp/Stad Lëtzebuerg) an den 20. Mäerz 2021 (Centre Culturel op der Schmelz/Diddeleng) huet de SCRIPT op den Event Einfach Kodéiere mat der Famill invitéiert.
D'Zil war et, dass d'Elteren zesumme mat hire Kanner an interaktive Workshoppen entdecke wourëm et beim Kodéieren an der Grondschoul geet. Vun Ozobot, Kniwwelino, iwwer Scratch bis hin zu enger klenger unplugged Show war vun Allem eppes dobäi.
D'Workshoppe goufe vun Enseignanten aus der Grondschoul an de rezent agefouerten ICN'en (Instituteurs spécialisés en compétences numériques) gehalen. D'Famille konnten d’Material ausprobéieren a vum Moment profitéiere fir eventuell Froen ze stellen.
Zwee weider Evenementer sinn an der Planung. Méi Informatioune kommen um Internetsite www.educoding.lu.