Actualités

Presentatioun vum Projet Fuerschen dobaussen

Presentatioun vum Projet Fuerschen dobaussen
25/06/2021

De Projet Fuerschen dobaussen (FuDo) gëtt den 29. Juni 2021 ab 16h00 an der Direktioun 10 vum Enseignement fondamental präsentéiert.

FuDo setzt d’Naturwëssenschaften an d’Fuerschungskompetenze vun de Kanner an de Mëttelpunkt. Andeems ausserschoulesch Léieruerten genotzt ginn, bitt FuDo eng innovativ a fächeriwwergräifend Léiermethod.
D’Kanner si gären dobaussen, si erfuerschen d’Welt gäre mat allen Sënner a si vun Natur aus virwëtzeg. FuDo ënnerstëtzt d’Enseignant’en an hirem Effort deen natierlechen Drang vun de Kanner fir sech Wëssen unzëeegnen, optimal ze notzen.

An enger Zesummenaarbecht tëschent der Regionaldirektioun vu Gréiwemaacher, dem Dr. Andrea Fiedler an dem SCRIPT ass de Pilot-Projet an der Direktioun 10 entstanen.

Den 29. Juni gëtt och den neien Internetsite www.fudo.lu online gesat wou Dir nach weider Informatiounen iwwert de Projet kënnt fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu