Actualités

De Concours Jeune Journaliste 2021/2022 ass gestart

De Concours Jeune Journaliste 2021/2022 ass gestart
28/09/2021

D'Thema fir d'Editioun 2021/2022 vum Concours Jeune Journaliste ass: Matschwätzen, matmaachen, matentscheeden.

All puer Joer ginn d’Biergerinnen a Bierger gebieden, hir Stëmm bei de Walen ofzeginn.
Mee geet dat an dësen Zäiten nach duer als gesellschaftlech a politesch Partizipatioun?
Oder mussen nei Forme vu Matbestëmmung dobäi kommen?
Wéi steet et mat Kannergemengerot a Schülercomitéeën?
Wat mécht eigentlech d’Jugendparlament, a wou kënnen déi Jonk hier Iddien artikuléieren?
Wéi gesäit et aus mat anere Formen vu gesellschaftlechem Engagement?
Wou a wéi mëschen sech haut iwwerall Leit an, fir d‘Gesellschaft ze veränneren?

Dir sidd interesséiert a géift gäre matmaachen?

Dir fannt all d'Detailer um neien Internetsite vum Concours Jeune Journaliste, www.jeunejournaliste.lu. D’Websäit ass ganz iwwerduecht ginn a krut e fuschneien Design. Si gouf ënner anerem ergänzt duerch e Presentatiounsvideo vum Concours, en FAQ zu journalistesche Projeten an der Schoul an e Glossaire mat Termen aus der Mediewelt.

Wann Dir wëllt beim Concours Jeune Journaliste matmaachen, da schreift Är Klass w.e.g. per E-Mail ënnert der Adress cjj@men.lu an. De leschten Delai fir sech unzemellen ass den 8. November 2021.  

De Concours Jeune Journaliste

Zanter 2014 organiséieren de Conseil de presse (CdP), an Zesummenaarbecht mam SCRIPT an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), elo schonn de Concours Jeune Journaliste.
Hei geet et drëms, Schülerinnen a Schüler unzereege fir eng journalistesch Aarbecht iwwer e bestëmmten Thema ze maachen an dobäi esou wuel de kriteschen Ëmgank mat Informatioun als och d’Prozesser ze entdecken, déi vun der Recherche bis zur Publikatioun vun engem fäerdege Bäitrag néideg sinn.

Am Kader vun hirem Projet kënnen d’Klassen och eng Beruffsjournalistin oder e Beruffsjournalist invitéieren, fir méi iwwer de Metier gewuer ze ginn a Rotschléi ze  kréien, wéi si hire Projet besser opbaue kënnen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu