Actualités

MathleTIC Challenge 2021

MathleTIC Challenge 2021
27/09/2021

Maacht mat als Klass bei der 7. Oplag vum MathleTIC Challenge op www.mathematic.lu! Den Challenge leeft vum 6. Oktober um 8:00 Auer bis den 8. Oktober 2021 um 16:00 Auer.

D’Gewënner-Klasse kréien een Outdoor Teambuilding Dag am Mariendall vum SCRIPT geschenkt.

Et ass keng Umeldung néideg fir beim Challenge matzemaachen. Et geet duer, sech mam IAM unzemellen, op den Challenge-Knäppchen ze klicken an als Klass Stären a Medailen ze sammelen.

All d’Klassen aus dem Cycle 3 a Cycle 4 aus dem Enseignement fondamental, aus der Voie de Préparation an aus dem Enseignement Secondaire kënne matmaachen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu