Actualités

Webinaire iwwert ADHS: eng ganz grouss Resonanz

Webinaire iwwert ADHS : eng ganz grouss Resonanz
27/10/2021

Am Kader vum Mount fir den ADHS haten de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE), de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) zesumme mam radio 100,7 a mam SCRIPT en Dënschdeg, de 26. Oktober 2021 vu 14.30 bis 16.00 Auer e Webinaire iwwer d’Opmierksamkeetsdefizit- /Hyperaktivitéitsstéierung organiséiert.

Am Studio waren d’Liane Königs, Pedopsychiater a Psychotherapeutin, d’Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA, d’Liz Theis, Ergotherapeutin a Master of Arts an der ëffentlecher Gesondheet um SCAP an den Dr Alexander Marcus, Pedopsychiater a Psychotherapeut.

Iwwerdeems waren an der Emissioun eng Rei vun Temoignagen an Analysen ze héieren an d’Nolauschterer konnte Froen erareechen.

Schonn am Virfeld war den Interessi um Webinaire ganz grouss. Iwwer 1.000 interesséiert Persounen hate sech iwwer den IFEN – de Formatiounsinstitut vun der Education Nationale – ageschriwwe fir deen als Formatioun unerkannte Webinaire ze suivéieren. Beim CDA haten sech iwwerdeems iwwer 375 Persounen iwwer den Internetsite www.tdah.lu ugemellt.

Dir konnt d’Emissioun net live suivéieren oder wëllt se nach eng Kéier lauschteren? Dat kënnt Dir iwwer dëse Link maachen.

De Webinaire war en Deel vun enger ganzer Rei vun Evenementer am Kader vum Mount fir den ADHS, mam Zil, méi iwwer d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung ze informéieren an ze sensibiliséieren.

Haut Mëttwoch, de 27. Oktober, geet de Mount fir den ADHS mat enger Ofschlosskonferenz um Belval op en Enn. Haaptriedner ass hei den Dr Olivier Revol, Neuropsychiater a Kannerpsychiater vu Lyon. Dësen Event kënnt Dir Iech och am Livestream ukucke wann Dir Iech iwwert dëse Link aschreift. 

All weider Informatioune fannt Dir um Site www.tdah.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu