Actualités

Andréck vun der 'Pop/Rock Music Week'

Flyer Be a He(a)ro
26/05/2023

Vum 22. bis de 26. Mee 2023 gouf de bekannte Projet 'Be a HEARo' erëm an der Escher Rockhal organiséiert.

De langjährege an national bekannte Museksprojet, dee gemeinsam vum SCRIPT an dem Rocklab an d’Liewe geruff gouf, begeeschtert all Joers eng Villzuel vu Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 3.2 bis dem Cycle 4.2 vum Enseignement fondamental.

Et war déi gréissten Editioun déi et bis elo gouf.

Während 5 Deeg hunn iwwer 2.000 Schülerinnen a Schüler dëst Event an der Rockhal matverfollegt. Am Concertssall Club vun der Rockhal gouf de Schoulklassen vun enger Band op eng anschaulech an ënnerhalsam Aart a Weis Rock- a Popmusek, souwéi vill spannend Hannergrondinformatiounen iwwer dës Genrë méi no bruecht.

Dëst Joer gouf et awer eng Nouveautéit: Nieft dem edukative Concert vu 'Be a HEARo' goufe verschidden Ateliere ronderëm d'Welt vun der Pop- a Rockmusek ugebueden. Zesumme war dëst déi 1. Editioun vun der nei gegrënnter 'Pop/Rock Music Week'. Schoulklasse konnte sech also nieft dem Concert moies och nach fir dës Atelieren nomëttes umellen an esou e ganzen Dag an der Rockhal verbréngen!

Dëst war virun allem eng Offer fir Klassen, déi méi eng wäit Urees op Esch haten, fir hiren Dag optimal auszenotzen. D'Atelieren hu sech ronderëm déi dräi Themeberäicher 'Musek maachen', 'Medien a Marketing', souwéi 'Luucht- an Tountechnik' gedréit. All Klass konnt aus all Themeberäich een Atelier maachen.

Hei fannt dir e Film vun dëser éischter nationaler 'Pop/Rock Music Week'.

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu