Actualités

'Den IKI an ech': Neit Material iwwert d’Hiewanekonscht ass online

''
23/09/2025

De Kulturministère an de SCRIPT schaffen zesumme fir déi Jonk iwwert den immaterielle Kulturierwen ze Lëtzebuerg ze informéieren.

An deem Kader entwéckelt de Kulturministère eng Serie vu kuerze Filmer, déi jeeweils een immaterielle Kulturierwe virstellen.

De SCRIPT publizéiert fir all Film dat passend didaktescht Material, fir dass en och an de Schoule ka beschwat ginn. D’Material 'Den IKI an ech: Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg' riicht sech u Jonker vun 12 bis 15 Joer. D’Theme fir déi et bis elo didaktesch Material gëtt sinn 'D’Dréschemaueren', 'D’Hausnimm, 'D’Flouernimm' an 'D’Hiewanekonscht'.

D’Kennen vum immaterielle Kulturierwen ass wichteg fir eng kulturell Identitéit opzebauen. Traditioune, Sproochen, besonnesch Fäegkeeten a Beruffer prägen déi kollektiv Memoire a favoriséieren de Respekt vun der Diversitéit, den interkulturellen Dialog an och déi nohalteg Entwécklung.

Den immaterielle Kulturierwe kann nëmme liewen, wann e weidergi gëtt. Wann e gezielt an den Unterrecht integréiert gëtt, kann en och weider verstan a valoriséiert an e wichtege Feiler vun der sozialer Kohäsioun ginn.         

  • D’'IKI'-Filmer an d’Material fannt Dir um www.heydoo.lu.
  • Méi Informatiounen iwwert den immaterielle Kulturierwe ginn et um Internetsite www.iki.lu.

Contact