Actualités

Workshop a Sondage zum Theema 'Transversalitéit' am Enseignement secondaire

''
27/03/2026

Am Kader vun der vun der Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, déi am Regierungsprogramm ugekënnegt gouf, invitéiert de SCRIPT op den zweete CoLab, dee ganz am Zeeche vum transversale Léiere steet.

Ageluede sinn Enseignanten/ Enseignanteën souwéi edukativ, psychosozial an administrativ Mataarbechter/ Mataarbechterinnen, déi am Enseignement secondaire, am Enseignement fondamental an/oder de Centres de compétences schaffen.

 

CoLab 2 - Transversalitéit

Wat Iech genee erwaart:

  • Impulsvirträg zu konkrete Beispiller, wéi transversaalt Léieren am Kader vu verschiddenen Disziplinnen, Projeten a Systemer ëmgesat ka ginn
  • Een interaktive Gallery Walk, bei deem Dir méi Detailer iwwer d’Projeten aus de Virträg gewuer gitt an Är Froe stelle kënnt
  • Ee Workshop, deen Iech ënner anerem dozou invitéiert, z‘ iwwerleeën, wat Dir aus de verschiddene Beispiller fir Är eege Praxis iwwerhuele kéint

 

Praktesch Informatiounen

  • Datum: Dënschdes, den 28. Abrëll 2026
  • Auerzäit: 15:00–18:00 Auer  (Accueil: 14:30-15:00 Auer)
  • Plaz: Lycée Josy Barthel Mamer, Festsall (2, rue Gaston Thorn, L-8268 Mamer)
  • Public cible: Edukatiivt, psychosoziaalt, an administratiivt Personal aus dem Enseignement secondaire (ESC, ESG),  dem Enseignement fondamental an de Centres de compétences
  • Umëlle kann een sech bis spéitstens de 24. Abrëll 2026 ënnert dëse Link
  • De CoLab ass als Formatioun iwwer den Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) ausgeschriwwen

 

Sondage zum Theema 'Transversalitéit'

Dir wëllt Iech thematesch op dëse CoLab astellen? Oder Dir sidd deen Dag verhënnert a wëllt eis Är Meenung trotzdeem matdeelen? Da fëllt dëse kuerze Sondage zum Theema 'Transversalitéit' aus! Esou Sondagë gi reegelméisseg verschéckt a sinn ee weidert wichtegt Element vum Consultatiounsprozess, fir Input vum Terrain ze sammelen.

Dir kënnt de Sondage bis den 20. Abrëll 2026 op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Englesch ausfëllen.

 

Weider Evenementer 

Dëse CoLab ass iwwregens Deel vun enger ganzer Serie vun Evenementer zu ënnerschiddlechen Theemen; zousätzlech si weider Echangë mat verschiddene Parties prenantes virgesinn. D’Resultater aus all dëse Momenter ginn zesummegefaasst a fléisse bis Oktober 2028 an e Livre blanc an, deen engersäits déi inhaltlech Schwéierpunkten an anerersäits déi organisatoresch Prozeduren a Prozesser festhält, déi fir d’Entwécklung vun engem kohärenten an zukunftsfäege curriculare Kader néideg sinn.

Wann Dir méi iwwer de Projet vun der Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire gewuer ginn an um leschte Stand bleiwe wëllt, informéiert Iech iwwer den Internetsite www.curriculum.lu.

Contact