Actualités

Virliesconcours 2027

''
22/09/2026

Dëse Concours, deen sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement Fondamental riicht an dee vum Educatiounsministère organiséiert gëtt, leeft 2027 fir d’22. Kéier.

Zanter 2024 huet de Concours duerch eng ganz Rei Neierungen eng nei Nues kritt:

  • Keen Theema
  • Méi Etappen
  • Eng zweet Sprooch (spillt vun der Véierelsfinall un eng Roll)

Als zweet Sprooch kann och Englesch genotzt ginn.

  • 'Liestheater' an der Finall

An der Broschür zum 'Virliesconcours 2027' ënnen op der Säit fënnt een den Detail vum Concours.

D’Modalitéite fir sech anzeschreiwen hu geännert: Zanter dësem Joer leeft d’Umeldung iwwert déi nei Plattform 'Extraklass'. 

Fichiers à télécharger

Contact