Actualités

Journées du livre et du droit d’auteur 2027: Mam Waasser liewen

''
26/10/2026

D’'Journées du livre et du droit d’auteur' ginn tëscht dem 19. an dem 23. Abrëll 2027 organiséiert. Dës Editioun steet ënnert dem Motto 'Mam Waasser liewen'.

D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

 

Ëm wat geet et?

Waasser ass wichteg fir eis all: Et ass den Ursprong vum Liewen an all Liewewiesen op eisem Planéit ass drop ugewisen. An dach ass den Zougang zu propperem Waasser – obwuel et e Grondrecht ass – net iwwerall gläich. Waasser feelt oder ass op ville Plaze verknascht. Doraus kann och Sträit ëm dës wäertvoll Ressource entstoen. Et ass also wichteg, d‘Waasser propper ze halen a  spuersam domat ëmzegoen, net nëmmen an Zäite vun extreemer Dréchent. D’Kanner solle vu kleng op fir en nohaltege Waasserverbrauch  sensibiliséieren ginn an de Waasserkreeslaf kennen. 

De Mënsch huet fréi geléiert d’Waasser ze notzen: Zivilisatiounen, déi sech beim Waasser ugesidelt hunn, haten  direkten Accès zu Drénkwaasser, konnten d’Waasserkraaft notzen oder d’Waasser als Transportwee notzen. Och haut ass eis Ekonomie staark vum Waasser ofhängeg.

D’Waasser ass dobäi och eng Quell vum Wuelbefannen: Vu kleng u maachen d’Kanner Waasserspiller a gi (bal all) gär schwammen, si  entspanen oder maache Sport bei engem Séi oder um Mier.

Mee d’Waasser ka leider och vill Leed mat sech bréngen: duerch de Klimawandel ginn et ëmmer méi Iwwerschwemmungen oder Dréchenten, déi eng Gefor sinn an e groussen Impakt op Mënsch an Déier hunn. Et geet drëm ze versichen, eppes dergéint ze maachen a mat de Konsequenzen dervunner eens ze ginn.

An der Kannerliteratur fënnt ee ganz vill Bicher, déi dës verschidden Aspekter beliichten. Fir d’'Journées du livre et du droit d’auteur' geet et virun allem drëm, de Kanner op d’Wichtegkeet vum “bloe Gold” ze sensibiliséieren.  

 

Wéi eng Bicher kann een notzen?

Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliografie mat Kannerbicher zum Theema 'Mam Waasser liewen': Bicher zu Waasser allgemeng oder zur Waasserverknaschtung, zum Recht op Waasser, zu Spaass an Abenteuer beim Waasser, awer och zu Situatiounen, wou et ze vill oder ze mann Waasser gëtt.

Vill aner Bicher sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.

 

Wéi kann ee matmaachen?

 

Méi Informatiounen a konkret Iddie fir d’'Journées du livre et du droit d'auteur' fannt Dir am PDF-Dokument 'Journées du livre et du droit d'auteur 2027:  Modalitéiten' ënnen op der Säit.

De SCRIPT wënscht vill Freed bei den Aktivitéiten a seet elo scho Merci fir d’Matmaachen.

Contact