Events

Sustainable Entrepreneurial School Day

-
-
Centre de Conférences Clausen

Den 23. Oktober 2025 fënnt de fënneften offizielle 'Sustainable Entrepreneurial School Day' am Centre de Conférences a Clausen statt.

D’Evenement riicht sech un Direktioune, d’Coordinateuren a Coordinatricë vum Projet, Schüler a Schülerinnen aus de 'Sustainable Entrepreneurial Schools' an extern Partner.

Am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen. De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen erreechen.

  • De Programm vum Evenement ass am PDF-Dokument ënnen op der Säit.
  • D'Umeldung ass obligatoresch a leeft bis de 16. Oktober 2025.

Fichiers attachés

Contact