News

A play in a day

D'Kanner beim Optrëtt am Kader vun A play in a day
26/11/2019

Den 22. November gouf den éischten A play in a day am Mierscher Kulturhaus organiséiert.

Den A play in a day ass eng Offerte vu mimamu/makedra, an erméiglecht en Theater/Museks-Optrëtt innerhalb vun engem Dag.

D'Equipe vu mimamu/makedra huet mat 3 Klasse vum Cycle 4.1 aus der Mierscher Grondschoul e ganzen Dag geprouft an zesumme mat de Kanner en Theaterstéck kreéiert.
Dëst Theaterstéck huet aus enger Rei Zeene bestan, déi vun de Kanner selwer ausgeduecht goufen.

Owes um 19.00 Auer war dunn e flotten Optrëtt virun de Kanner hiren Elteren, Enseignant(ë)en an intresséiertem Publikum. 45 Minutte laang hunn d'Kanner hir Theaterzeenen, musikalesch Intermezzoen a Lidder virgedroen. Si goufen zum Schluss mat vill Applaus a Standing Ovation fir hire schéinen Optrëtt belount.

Fotoen an e Video zum Evenement fannt Dir ënnert dësem Link.


Foto: Jeff Elcheroth

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu