News

Promotioun vum Entreprenariat an de Schoulen

Entrepreneurship Summit Wien
21/11/2019

Vum 12. bis de 14. November 2019 war eng Delegatioun vum SCRIPT um éisträicheschen Entrepreneurship Summit zu Wien.

Lëtzebuerg an Éisträich schaffe scho säit ville Joren am Beräich vum Entreprenariat zesummen. Vertrieder vu béiden Natioune gesinn sech reegelméisseg fir sech auszetauschen an nei Denkustéiss ze diskutéieren.
Eisträich ass eent vun de féierende Länner an Europa wat d’entrepreneurship educatioun ugeet; dës ass an hirem Curriculum ganz fréi am Enseignement Fondamental verankert an zitt sech transversal bis héich an den Enseignement Secondaire erop.
Aus deem Grond konnte vill hëllefräich Informatioune gesammelt ginn, fir d’entrepreneurship educatioun an d'éducation financière nach méi transversal ze denken.

Am Kader vun enger méiglecher Ëmännerung vum Projet vun den Entrepreneurial Schools zu Lëtzebuerg gouf um Sommet virun allem vill iwwert d’Bild vun der entrepreneurship education geschwat. Vill Léierpersounen, Schüler*innen an allgemeng Vertrieder aus der Gesellschaft verstinn ënnert Entreprenariat d'Basiskompetenzen, déi een muss hunn, fir eng Entreprise oder eng Start-Up ze grënnen. Am neien Usaz soll awer nach méi verstäerkt drop higewise ginn, datt d'entrepreneurship education am Fong éischter en esprit entrepreneurial (Wéi definéieren ech en Zil? Wéi stellen ech mech op, fir dat Zil z’erreechen? Wéi setzen ech Ressourcen an?) vermëttele soll.

Wärend den 3 Deeg gouf och iwwert eng Neiausriichtung vum Entreprenariat diskutéiert, an d'Richtung vun engem sustainable and social entrepreneurship. Hei geet et drem, de Schüler*innen nei Impulser ze gi fir méi ökologesch, sozial a wirtschaftlech nohalteg ze denken.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu