News

Record Day mimamu

Record Day mimamu
17/12/2019

D'Kanner aus der Grondschoul Campus Capellen hunn mat vill Begeeschterung den Jingle Bells am Studio vum SCRIPT sengem Service documentation et production audiovisuelle (DPAV) gesongen an opgeholl. D’Opnam gouf fir den Internetsite www.mimamu.lu gemaach.

Wat ass mimamu ?

mimamu ass eng Initiativ vum SCRIPT, déi virdru vum Institut Européen de Chant Choral (INECC) als Musek an der Grondschoul initiéiert gouf.

mimamu setzt sech a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung, an d’Fërderung vu musikalesche Kompetenzen an Erliefnisser an der Schoullandschaft.
Hei fënnt ee villes a méi iwwer d’Welt vun der Musek:

  • ausgeschaffte Materialie fir selwer auszeprobéieren,
  • Hëllefsstellungen an Iddie fir Aktivitéiten an de Klassen,
  • didaktescht Material fir auszeprinten oder erofzelueden.

mimamu bitt och d’Méiglechkeet d'Enseignantë bei hirem Museksprojet ze begleeden (an der Klass, cycle-iwwergräifend oder bei engem gréissere Schoulprojet).

D’Konzept vu mimamu soll Méiglechkeeten a Chancë bidden, datt intresséiert Enseignanten eleng, oder an der direkter Zesummenaarbecht mat der mimamu-Equipe, innovativ Projeten an Aktivitéiten am Beräich vun der musikalescher Bildung ëmsetze kënnen.

mimamu riicht sech primär un d’Grondschoulen, woubäi awer och Maison relaisen an aner schoulesch Strukturen heivu profitéiere kënnen.

Fir ween ass mimamu ?

Fir all Enseignanten (an anert schoulescht Personal), mat, a virun allem OUNI musikalesch Virkenntnesser.
Fir all Enseignanten, déi op der Sich sinn no neiem Museksmaterial, no flotten Iddie fir innovativ Projeten, oder awer gären op fachlechen Knowhow zréckgräife wëllen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu