News

Gëwenner vum Virliesconcours

Gëwenner vum Virliesconcours
01/07/2020

Déi 15. Editioun vum Virliesconcours ass wéinst der Covid-19-Pandemie e Stéck anescht gelaf wéi gewinnt.

Déi éischt Ronnen um Niveau vun de Schoulen, déi ganz dacks am Mäerz lafen, waren an enger Rei Schoule fir kuerz virun der Ouschtervakanz geplangt. Du koum awer Mëtt Mäerz de Lockdown an d’Kanner koumen an den Homeschooling. Den Educatiounsministère huet doropshin den Delai fir d’Aschreiwung vun de Schoulgewënner op Enn Abrëll verlängert. Bis deen Datum sinn dunn och nach zousätzlech Aschreiwungen erakomm.

Well awer kee wosst wéi laang déi nei Situatioun géing daueren, huet de Ministère decidéiert, d’national Finall, déi fir den 1. Juli 2020 am Kulturhaus zu Miersch geplangt war, ofzesoen an duerch regional Finallen ze ersetzen.

Effektiv sinn aus de regionalen Halleffinalle fir 2020 regional Finalle ginn. Et blouf de Regiounen iwwerlooss, ob si déi Finalle wëllen organiséieren oder de Concours virdrunner ofschléissen an zum Beispill just e Schoulgewënner ermëttelen. Verschidde Schoulen a Regiounen hunn dee Choix geholl, ënner anerem well nach kee Schoulgewënner feststoung, well keng Finall am Presentiel konnt garantéiert ginn a well och de Concours a seng Virbereedung, ouni datt all Schüler beienee sinn, net als passend oder gerecht empfonnt gouf.

8 Regiounen hunn de Choix gemaach, regional Finallen ze organiséieren. Well eng Finall am Présentiel net méiglech war, ass deels mat digitale Medie geschafft ginn, zum Beispill andeems e Finalist en Text iwwert Whatsapp opgeholl an erageschéckt huet oder andeems iwwer Microsoft Teams live gelies gouf.

Dës Finalle sinn tëscht Mëtt Mee an Enn Juni gelaf. Si goufe mat vill Engagement vun de regionale Coordinateure vum Virliesconcours organiséiert. Am Ganzen hunn do nach 53 Kanner deelgeholl. Eng 35 Jurysmemberen uechter déi 8 Regiounen hunn do déi regional Gewënner ermëttelt, dacks iwwer Teams.

All Schoulgewënner / regionale Finalist krut vum SCRIPT e Bicherbong. De Ministère huet aus sanitäre Grënn dee Choix geholl an net wéi soss e Buch geschéckt, dat d’Thema opgegraff huet. All Gewënner vun enger regionaler Finall krut e méi substantielle Bicherbong. Och jidder Jurysmember krut mat engem Bicherbong Merci gesot.

Mir felicitéiere ganz häerzlech alle regionale Gewënner. Mir wëllen awer och alle Kanner, Enseignanten, Schoulbibliothecairen, Membere vun Direktiounen a Jurysmembere Merci soen, déi et mat vill Asaz méiglech gemaach hunn, datt de Virliesconcours 2020 konnt stattfannen.

Mir hoffen, datt mir 2021 erëm eng Finall kënnen organiséieren, bäi där d’Finaliste vu Frënn a Famill live ënnerstëtzt ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu