News

Journées du livre et du droit d’auteur – Réckbléck op d’Editioun 2021

Journées du livre et du droit d’auteur
21/06/2021

Iwwer 20 Schoulen hate sech beim SCRIPT ugemellt, fir bei de Journées du livre et du droit d’auteur tëscht dem 19. an dem 23. Abrëll 2021 matzemaachen.

Et huet sech gewisen, datt d’Theema En neien Ufank am Joer 2021 immens gutt gepasst huet an d’Kanner sech vill derzou wollten äusseren, sief et a Gespréicher oder kënschtleresch.

Villen Enseignantë war et wichteg, d’Pandemie unzeschwätzen, well se gespuert hunn, datt d'Kanner e ganz grousse Besoin haten, sech matzedeelen an déi erlieften Zäit vun der Pandemie duerch laang Gespréicher ze verschaffen. Et gouf ganz vill diskutéiert, iwwer traureg an iwwer schéi Momenter. Villen Enseignantë louch et um Häerz, positiv Impulser ze ginn.
D’Theema Pandemie war omnipresent, virun allem d’Fro, wéi et no der Kris weidergoe soll a wat ee besser maache kann oder ännere wëll.

Am Kontext vun de Journéeë sinn och Geschichten, Bicher an Zäitschrëfte genotzt ginn, fir de Kanner ze hëllefen, dës besonnesch Zäit besser ze verstoen oder ze verschaffen. Si sollten och kënne gesinn, datt ëmmer erëm, och no engem schwéiere Moment, en neien Ufank méiglech ass.

D’Kanner konnte sech äusseren, fir ze vermëttelen, wat d’Pandemie mat hinne gemaach huet, wéi et si emotional beréiert huet, wat sech fir si geännert huet a wat si sech fir déi Zäit duerno wënschen a virstellen. D’Kanner hunn dëst och dacks kënschtleresch duergestallt, zum Beispill a Biller, Bastelaarbechten oder Geschichten.

Den Neiufank an der Natur war e ganz positive Moment, deen dëst Joer op ville Plaze wärend de Journéeën thematiséiert gouf. Vill Bicher, mat deene geschafft gouf, dréien och ëm Gefiller a wéi een se geréiert. Et geet dacks ëm en neit Mateneen, dat mir all Alldag bräichten.

Och komplex Theeme wéi Flucht, Behënnerung, d’Révolution des oeillets oder Black Lives Matter si mat Geschichte behandelt ginn. Vill Kanner hunn sech Biografië vu Pionéier ugekuckt oder vun anere Leit, déi en neien Ufank ageleet hunn. Doduerch ware Verschiddener inspiréiert sech virzestellen, wat si selwer kënne leeschten a wou si en neien Ufank kënne bewierken. Och Entdeckungen hu schonn dacks en neien Ufank ageleet. Dës goufen unhand vu ville flotte Bicher thematiséiert.

D’Theema vun de Journéeën ass awer och wäit iwwert de Support Buch an iwwert d’Audrocksform Geschicht behandelt ginn. Esou ass, nieft de scho genannten Aktivitéiten, och vill gebastelt, d’Natur gouf entdeckt an et ass esouguer gekacht ginn.

Et goufe wéi gewinnt och eng Rei Bicher erzielt, virgelies, gekuckt, gelies oder nogespillt. Et waren deels bekannt Klassiker an deels ganz nei Bicher.

Mir soen de Schoulen en häerzleche Merci fir hiert Matmaachen a fir hir Kreativitéit. Wéi esou dacks hu mir selwer och alt erëm nei flott Bicher doduerch entdeckt.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu