News

A Play in a Day – En Dag voller Musek an Theater

A Play in a Day – En Dag voller Musek an Theater
28/06/2021

Schoultheater muss sech ëmmer iwwer vill Méint oder e ganzt Schouljoer zéien? Et muss all Woch geprouft ginn, fir eppes Flottes op der Bün weisen ze kënnen?

Dës an och aner Virurteeler probéiert de Projet A Play in a Day vun der SCRIPT-Equipe mimamu/makedra ze widderleeën: an engem Dag gëtt en Theaterstéck geschriwwen, geprouft an opgefouert.
Ënnert dësem Link fannt dir den ausféierlechen Documentaire vun dësem flotte Projet.

Opgrond vun der Covid-19-Situatioun konnt säit Februar 2020 keen A Play in a Day méi opgefouert ginn. D’Equipe vum SCRIPT hofft erëm am neie Schouljoer vill nei Musek- an Theaterprojeten an de Schoulen organiséieren ze kënnen.

Fir weider Informatioune besicht de Site www.mimamu.lu oder www.makedra.lu an abonéiert d'Newsletter.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu