News

D’Editioun 2021 vum Katalog Lies a fléi ass disponibel

Lies a fléi
27/07/2021

De Katalog Lies a fléi wëll derzou bäidroen, d’Freed um Liesen ze vermëttelen.

E proposéiert interesséierten Enseignanten, Elteren a Kanner, jidderengem, dee Spaass mam Liesen huet, eng Iwwersiicht vun de Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch. Lies a fléi ass gratis a kann iwwert de Katalog vun de Schoulbicher aus dem Enseignement fondamental bestallt ginn.

D’Onlineversioun vum Katalog ass ënnert dësem Link ze fannen.

Dës Publikatioun koum fir d’éischt am Joer 2007 eraus, als Supplement zu den 2 Anthologië mat lëtzebuergeschen Texter Lies a fléi 1 an 2 fir d’Grondschoul.

Fir d’Mise à jour 2021 vum Katalog koum e Choix vun neie Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch, déi vu Summer 2020 bis Enn Mee 2021 erauskoumen, derbäi. Och bei dëser Editioun vum Katalog maachen d’Iwwersetzungen e groussen Deel vun den neie Kannerbicher op Lëtzebuergesch aus. Am Verglach mam leschte Katalog sinn ëm déi 50 nei Wierker bei dëser 12. Editioun dobäikomm. D’Bicher, déi vergraff sinn, goufen esouwäit wéi méiglech aus dem Katalog erausgeholl.

Nieft all virgestalltem Buch fënnt een am Katalog eng faarweg Sträif, déi d’Altersgrupp uweist, fir déi dat Buch recommandéiert gëtt. Dës geet vun der Petite enfance bis zum Cycle 4.

Am Centre de Documentation pédagogique vum Institut de Formation de l’Education nationale (IFEN) ass en extra Fonds documentaire opgebaut mat de Bicher, déi am Laf vun der Zäit am Katalog Lies a fléi waren. Dës Bicher kënnen ausgeléint ginn, d’Referenze sinn am Onlinekatalog www.a-z.lu ze fannen.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu