News

Concept Maps: E prakteschen Tool fir de Cours

Concept Maps: E prakteschen Tool fir de Cours
30/08/2021

Concept Maps ass eng Method an en digitale grafeschen Tool an engem.
Den Tool ass aus enger Collaboratioun tëschent OASYS4schools, der Uni Lëtzebuerg an dem SCRIPT entstane.
E ka genotzt gi fir Inhalter op eng logesch an organiséiert Aart a Weis duerzestellen, an et ass eng villsäiteg Method fir ze léieren, ze ënnerriichten a Wëssen ze testen.

Komplizéiert Ofleef, Theemen a Konzepter sinn oft schwéier ze veranschaulechen, an et ass net einfach anzeschätzen, ob d’Schülerinnen a Schüler déi schoulesch Matière verënnerlecht hunn.

Concept Maps bitt eng Léisung fir béides, a maximiséiert esou d’Potential vun all Schoulstonn; virun allem bei Schülerinnen a Schüler, bei deenen d’Revisioun just aus Iwwerliese besteet, a bei deenen, déi Schwieregkeeten hunn, sech auszedrécken. Hei kann eng Concept Map hëllefen, fir si aktiv ze fërderen an hinnen ze hëllefen, hiert Wësse besser ze strukturéieren an esou derzou bäidroen, Probleemléisungskompetenzen ze entwéckelen.

Concept Maps kënnen ënnert anerem fir Revisioun, Evaluatioun, Hausaufgaben, Aarbechtsblieder, Eenzel- a Gruppenaarbecht oder éischt Entwërf agesat ginn, a kënne vill Formen unhuelen: Stammbeem, komplex Geschichten, natierlech Kreesleef, Vernetzung vu Konzepter, Resuméen, etc.

Méi detailléiert Informatioune ginn et an der Broschür ënnen op der Säit oder per E-Mail (conceptmaps@uni.lu).

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu