News

Presentatioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun fir d’EuroSkills 2021

Presentatioun vun der Lëtzebuerger Delegaioun fir d’EuroSkills 2021
16/09/2021

De 14. September 2021 gouf an der Chambre des salariés d’Lëtzebuerger Delegatioun vun den EuroSkills 2021 presentéiert, déi vum 22. September bis de 26. September 2021 zu Graz stattfannen.

Bei den EuroSkills handelt et sech ëm d’Europameeschterschafte vun de Beruffer, dëst fir Jugendlecher bis 25 Joer. Insgesamt 20 Länner huelen un dësen Europameeschterschaften deel an an insgesamt 38 verschidde Beruffer ginn déi Bescht an hirem Fach gesicht.

Bei der Presentatioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun hu Vertrieder a Vertriederinne vun de Beruffschambren, dem Aarbechtsministère an dem Educatiounsministère op d’Wichtegkeet vun dëse Concoursen an dësen Exzellenzinitiativen higewisen an all de jonke Kandidatinnen a Kandidate vill Gléck gewënscht.

De SCRIPT ënnerstëtzt ganz ënnerschiddlech Forme vu Kompetitiounen an Olympiaden an ass deemno och wichtege strategesche Partner vu WorldSkills Luxembourg an méi allgemeng der Beruffsausbildung.
Esou huet de SCRIPT-Direkter Luc Weis a senger Ried och op déi wichteg Missioune vun dëse Concoursen higewisen; de Wëlle fir nieft der Schoul sech ëmmer weider ze verbesseren, fir duerno a sengem Beruff nach méi Kompetenzen an Knowhow ze hunn.

Vu datt de SCRIPT als ee vun de Motore vun der Bildung vill Materialien, pedagogesch Programmer an Initiativen ausschafft an ubitt, war et fir de Luc Weis eng besonnesch Freed, vill innovativ Beruffer an der Delegatioun ze fannen: esou si mam Entrepreneurship, der Mobile robotics an dem Web Development och Kompetitiounen dobäi, déi an de leschte Jore vill vum SCRIPT mat weidergedriwwe goufen.

De ganze SCRIPT wënscht der Delegatioun bonne Chance an e gutt Ofschneiden op de Beruffs-Europameeschterschaften!

Hei déi offiziell Lëscht vun de Kandidatinnen a Kandidaten:

• Monsieur Masselter Lukas – Glass Construction Technology

• Monsieur Meyer Kevin – Plumbing and Heating

• Monsieur Weiwert Steve – Web Development

• Monsieur Massen Noah – Mobile Robotics

• Madame Assunção Gomes Tatiana – Mobile Robotics

• Madame Pinto Monteiro Marina – Beauty Therapy

• Monsieur Meyers Jim – Cooking

• Monsieur Silva Ivo – Entrepreneurship Business Development

• Madame Offner Clémentine – Entrepreneurship Business Development

• Monsieur Albert Georges – Restaurant Service

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu