News

Den éischte 'Piwitsch' vum neie Schouljoer ass do!

''
24/09/2025

D’Rentrée 2025/2026 ass gepackt. Elo kann ee mol drun denken heiansdo a Rou do ze sëtzen an eppes ze liesen – am neie 'Piwitsch' ass fir jiddereen en Thema dobäi!

DEN Sujet iwwerhaapt dësen Hierscht: den Trounwiessel. Well de Groussherzog Henri am Oktober säin Amt u säi Bouf, de Prënz Guillaume,  weidergëtt, huet 'De Piwitsch' ganz vill verschidden Informatiounen zesummegedroen, déi mat dësem Trounwiessel ze dinn hunn.

Am Spezialdeel gëtt een dofir gewuer wat Ufank Oktober extra fir den Trounwiessel organiséiert gëtt. Di Lëtzebuerger Euromënze kréie wuertwiertlech en neit Gesiicht, an och de Monogramm, dee verschidde Beruffer op hiren Uniformen droen, gëtt gewiesselt.

'De Piwitsch' hat virun der Summervakanz seng Lieser a Lieserinne gefrot wat si de Prënz Guillaume wéilte froen – d’Äntwerte liest dir exklusiv an dësem neie 'Piwitsch' Spezial.

Natierlech gëtt een hei och iwwer d’Roll vum Grand-Duc informéiert. A fir dësen historesche Moment fir Lëtzebuerg kënnt natierlech en neie Bloc Timbere vun der Post eraus.

Genau eng Woch virum Trounwiessel, de 26. September,  ass e weidere wichtegen Dag: Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Dass dës News, déi dir grad liest, op Lëtzebuergesch geschriwwen ass, ass iech vläicht guer net opgefall. Zu Lëtzebuerg si mir gewinnt, tësche verschiddene Sproochen hin- an hier ze switchen. Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch wëll drop opmierksam maachen, dass “Lëtzebuergesch verbënnt”, an dass jiddereen deem anere soll eng Chance ginn eng Sprooch ze léieren.

'De Piwitsch' huet awer och de Goût, eise Geschmaachssënn, ënnert d’Lupp geholl. An d’Klass 3.2. vum Cents huet am fréie Summer dëst Joer am Laf vun hirer Mini-Redaktioun eng richteg schaarf Entdeckung gemaach: Moschter vun der Muerbelsmillen.

'De Piwitsch' wënscht vill Freed beim Liesen!

Wat ass 'De Piwitsch' ?

'De Piwitsch' ass e Projet, fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement Fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Wann Dir Loscht hutt är Klass fir eng Mini-Redaktioun anzeschreiwen, klickt op dëse Link.

Elo  gëtt et 'De Piwitsch' online souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch an Dir kënnt Iech och op d’Newsletter vun der Kannerzeitung abonéiere fir ëmmer um Lafenden ze sinn.

Sollt Dir Froen hunn, kënnt Dir Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per Email op info@piwitsch.lu mellen.

Contact