< back
Den 10. September 2025 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, dem Grand-Duc Henri offiziell d’Affiche 'De Grand-Duc Henri: 25 Joer um Troun' presentéiert.
Dës zweesproocheg Affiche (Lëtzebuergesch a Franséisch) gouf am Kader vum geplangten Trounwiessel, deen den 3. Oktober 2025 stattfënnt, vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat der Maison du Grand-Duc entwéckelt. Si bitt de Schüler a Schülerinnen d’Méiglechkeet, op de Règne vum Grand-Duc Henri zeréckzekucken – eng Period, déi iwwer 25 Joer gedauert huet.
D’Plakat stellt déi bedeitendst Etappen aus dem Liewen a vum Règne vum Grand-Duc Henri duer: vu senger Gebuert de 16. Abrëll 1955 am Schlass vu Betzder bis zum Trounwiessel am Oktober 2025. Dobäi ginn och déi wichtegst Entwécklungen an der Monarchie beliicht.
Eng Auswiel u Fotoen a Graphiken illustréiert d’Liewe vum Grand-Duc an dokumentéiert seng Roll als Staatschef. Zousätzlech visuell Elementer verankeren seng Regentschaft am internationale Kontext a weisen d’rasant Entwécklung vu Lëtzebuerg an de leschte 25 Joer.
D’Affiche gëtt mat der Rentrée un all ëffentlech Grondschoulen, Lycéeën an international Schoule verdeelt. Doriwwer eraus, kann all interesséiert Persoun dës Affiche am A1-Format (59,4× 84,1 cm) gratis bestellen. Schreift dofir eng E-Mail u star@men.lu mam Vermierk 'Affiche Trounwiessel'. Gitt wgl. och Ären Numm an Är Wunnadress un.