< back
K-Pop ass aus der Musekswelt net méi ewechzedenken. Wouhier kënnt déi Musek a wéi eng bekannte Bands gëtt et? Am neie 'Piwitsch' gitt Dir et gewuer! Musek spillt och an de Rotondes eng grouss Roll. 'De Piwitsch' huet hannert d’Kulisse vun dëser Kulturinstitutioun gekuckt.
Mat engem Artikel zum Theema 'Buddhismus' fänkt déi nei Serie 'Die Weltreligionen' un. An den nächsten Editioune liest Dir mei iwwert de Chrëschtentum, den Hinduismus, den Islam an de Judentum. Ofgeschloss gëtt dës Serie am Laf vum nächste Schouljoer mat der Fro, u wat ee gleewe kann ouni Relioun.
Villäicht hutt Dir Iech schonn eng Kéier gefrot, wat mat eisem Dreck passéiert? 'De Piwitsch' huet sech ugekuckt, wou dee lant, an erausfonnt, datt Dreck guer net sou wäertlos ass!
'De Piwitsch' huet awer och zwou Kannerfroe beäntwert: Wéi entsteet Niwwel a wéi gëtt Glas produzéiert? An eiser Mediathéik fannt Dir nach eng ganz Rei aner Kannerfroen, déi vun Experten an Expertinne beäntwert ginn. An engem weideren Artikel erkläert 'De Piwitsch', wat d’Liicht ass. Wéi hunn d’Mënsche fréier an hiren Höle gesinn a wéi kënnt haut d’Luucht an d’Haus?
Direkt zwou Klasse vu Péiteng goufen zu Journalisten a Journalistinnen. Eng Klass ass an engem Interview mam Marguerite Pax gewuer ginn, wéi d’Madamm d’Pax d’Liewen am Zweete Weltkrich erlieft huet. De ganzen Interview kënnt Dir online lauschteren. Déi zweet Klass huet sech mam spannenden a wichtegen Theema vun der Gebäerdesprooch beschäftegt.
Eng Liesgeschicht däerf am 'Piwitsch' natierlech net feelen! A 'Mat lénks' erzielt de Luc François vum Vic, deen sech virun der Summervakanz den Aarm brécht an op eemol alles mat lénks muss maachen.
Opgepasst: Vum nächste Schouljoer u funktionéiert 'De Piwitsch' op Bestellung. Wann Dir mat Ärer Klass weiderhi gär 'De Piwitsch' wëllt liesen an entdecken, dann zéckt net a bestellt elo hei.
Maisons Relaisen, Centres de compétence a weider interesséiert Institutioune kënne sech och ganz gär aschreiwen.
'De Piwitsch' wënscht vill Freed beim Liesen!
'De Piwitsch' ass e Projet, fir d’Mediekompetenz vun de Schülerinnen an de Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass, de Virwëtz an d’Kreativitéit, d’Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.
Wann Dir Loscht hutt, Är Klass fir eng Mini-Redaktioun anzeschreiwen, klickt op dëse Link.
Weider Offere vum 'Piwitsch': Elo gëtt et 'De Piwitsch' online souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch. Dir kënnt Iech och op d’Newsletter vun der Kannerzeitung abonéieren, fir mat Ärer Klass ëmmer um Lafenden ze sinn.
Sollt Dir Froen hunn, mellt Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per E-Mail op info@piwitsch.lu.