-
'Soundcheck': Pedagogesch Concerte fir de Cycle 4
-
Mierscher Theater
Vum 30. Juni bis den 2. Juli 2026 invitéiert d’Ekipp vun 'Applaus' ëmmer moies vun 9:30-11:00 Auer op de pedagogesche Concert 'Soundcheck' mat moderner Musek fir Klassen aus dem Cycle 4.
Am Mierscher Theater kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, an déi modern Musekswelt eranzelauschteren an déi verschidde Museksgenre Rock, Pop, Hiphop an Elektro besser kennenzeléieren. Och déi aktuell vill gelauschtert Stil-Mëschung ass hei Thema. Niewent engem Concert mat professionelle Musiker heescht et och fir d’Kanner aktiv als Publikum matzemaachen.
Wann dir interesséiert sidd, da mellt iech séier un! Méi Informatioune ginn et hei.

