Agenda

Éischten Nationalen Dag vum Entrepreneurship an der Finanzbildung

-
-
European Convention Center Luxembourg

Think innovative – Growing skills, shaping futures

Den 13. November 2026, vun 8:30 bis 19:30 Auer, fënnt am European Convention Center Luxembourg um Kierchbierg den éischten Nationalen Dag vum Entrepreneurship an der Finanzbildung statt, deen vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE)/ SCRIPT, dem Wirtschaftsministère, Jonk Entrepreneuren Luxembourg an der Fondation ABBL pour l’Éducation Financière organiséiert gëtt.

D'Evenement bitt d'Méiglechkeet, sech mat den Theme Kreativitéit, Entrepreneurship a Finanzbildung auserneenzesetzen.

Um Programm stinn ënner anerem:

  • Keynotes ronderëm Entrepreneurship a Finanzbildung
  • Interaktiv Atelieren
  • Austausch an Networking
  • Iwwerreechung vun de 'Financial Literacy Labels' an de 'Sustainable Entrepreneurial Schools Labels'

 

Praktesch Informatiounen

  • Datum: 13. November 2026
  • Plaz: European Convention Center Luxembourg, Kierchbierg
  • Zilgrupp: Schoulklasse vu 4e un

 

Umeldung

  • D'Umeldung vun de Schoulklasse gëtt vum Léierpersonal gemaach an ass obligatoresch
  • Umeldeschluss: 1. November 2026
  • Umeldungslink: https://edulink.lu/91vy

Fichiers attachés

Contact