Actualités

D’Zinglibooks sinn um multiscript.lu disponibel

16/10/2019

Zanter der Rentrée kënnen d'Enseignanten sech um Internetsite www.multi-script.lu d'Zinglibooks 1 an 2 eroflueden. D’Material kann nom Eroflueden zu all Zäit och offline genotzt ginn.

Bei den Zinglibooks handelt et sech em zwou E-Book Compilatioune ronderëm d’Themen Natur & Ëmwelt mat iwwer 50 lëtzebuerger Kannerlidder, Spréchelcher, Dänz, Karaoke, Nouten a klenge Filmercher.

Dëst Material richt sech virun allem un de Cycle 1, kann awer och an anere Klassen oder an der Maison de relais agesat ginn an et sinn dozou keng musikalesch Virkenntnesser vum Benotzer néideg. D’Schüler kënnen och eleng mam E-Book schaffen. Dat ganzt ass interaktiv opgebaut ewéi eng App an et huet een d’Lidd, den Text, d’Nouten an de Playback beieneen.

D’Zinglibooks sinn als zousätzlech Ressource fir de Museksunterrecht geduecht a sollen de Schüler dobäi hëllefen sech mat Musek auszedrécke wei zum Beispill: sangen, Instrumenter manipuléieren, Rhythmus klappen, Geräischer nomaachen oder Musek improviséieren. Weider kënnen si sech op d’Musek beweegen a beispillsweis de Rhythmus klappen, danzen oder den Ënnerscheed erkennen tëscht lues a séier. D’Material erméiglecht de Schüler och iwwert d’Musek schwätzen a se eventuell ze bewäerten.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu