Actualités

makedra a menger Klass - Formatioun

Logo Mimamu/Makedra
30/10/2020

makedra.lu (SCRIPT) huet am Kader vu senger IFEN-Formatioun dem Enseignant(e) op eng interaktiv a partizipativ Aart a Weis seng theaterpädagogesch Plattform virgestallt.

Een Iwwerbléck iwwer de Site ginn (makedra.lu) an allgemeng Ziler, Outilen an Offerten erkläert.

D’Participant(e)ë konnten och ëmmer nees aktiv de Grupp duerch theaterpädagogesch Aktivitéite leeden. Mam Material vu makedra als Basis konnte si mat hirer ganz eegener Erfarung a mat hirem ganz individuellen Knowhow de Grupp spilleresch fërderen an och reflektéieren doen.

Den Enseignant(e) huet souwuel als Theaterpädagog wéi och als Kand, dat op der Bün Spaass soll hunn, duerch dese permanente Perspektivwiessel, ee ganzheetlecht Erliefnis gehat. Bis zum zweeten Deel vun der Formatioun krut all Participant(e) den Optrag fir weider Materialien a senger Klass op eng villfälteg Manéier anzesëtzen an auszeprobéieren.

Och d'allgemeng Kreatioun vun Theaterproduktiounen an der Klass ass beschwat an encouragéiert ginn. Mat dëse Formatiounen probéiert de SCRIPT nach méi e grousse Fokus op seng Initiativen ze leeën, a gemeinsam mam IFEN, esou Multiplicateuren auszebilden, déi d’SCRIPT Offerten an de Schoulen nach méi präsent maache kënnen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu