Actualités

Einfach Kodéiere mat der Famill

Einfach Kodéiere mat der Famill
19/04/2021

De 6. Mäerz (Tramsschapp/Stad Lëtzebuerg) an den 20. Mäerz 2021 (Centre Culturel op der Schmelz/Diddeleng) huet de SCRIPT op den Event Einfach Kodéiere mat der Famill invitéiert. 

D'Zil war et, dass d'Elteren zesumme mat hire Kanner an interaktive Workshoppen entdecke wourëm et beim Kodéieren an der Grondschoul geet. Vun Ozobot, Kniwwelino, iwwer Scratch bis hin zu enger klenger unplugged Show war vun Allem eppes dobäi.   

D'Workshoppe goufe vun Enseignanten aus der Grondschoul an de rezent agefouerten ICN'en (Instituteurs spécialisés en compétences numériques) gehalen. D'Famille konnten d’Material ausprobéieren  a vum Moment profitéiere fir eventuell Froen ze stellen.    

Zwee weider Evenementer sinn an der Planung. Méi Informatioune kommen um Internetsite www.educoding.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu