Actualités

Ee Mount fir den ADHS: lauschtert de Webinaire um radio 100,7

Ee Mount fir den ADHS: lauschtert de Webinaire um radio 100,7
20/10/2021

Den Oktober steet dëst Joer am Zeeche vun der Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung - op Däitsch ofgekierzt ADHS, op Franséisch TDA/H.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE), de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) wëllen dofir sensibiliséieren, doriwwer informéieren a besonnesch och d’Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Sou sinn am Kader vum Mount fir den ADHS eng Rei Evenementer geplangt, déi fir jiddereen accessibel sinn, dorënner en Dënschdeg, de 26. Oktober vun 14.30 bis 16.00 Auer e Webinaire um radio 100,7 mam Titel ADHS - Eng Diagnos, keng Meenung!, dee mat Hëllef vum SCRIPT zoustane kënnt.

Am Studio diskutéieren: d’Liane Königs, Pedopsychiater a Psychotherapeutin, d’Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA, d’Liz Theis, Ergotherapeutin a Master of Arts am an der ëffentlecher Gesondheet um SCAP an den Dr Alexander Marcus, Pedopsychiater a Psychotherapeut.

Ausserdeem ginn eng ganz Rei vun Temoignagë vu Betraffener an Analysen vun Experten an d’Emissioun era gespillt. Iwwerdeems hunn d’Nolauschterer d’Méiglechkeet Froen un d’Invitéeën am Studio ze stellen, per E-Mail op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op d'Nummer 621440044.

De Webinaire kann och per Livestream op der Websäit vu radio 100,7 (www.100komma7.lu) gekuckt ginn, no der Live-Ausstralung ass d’Emissioun och am Radiosarchiv ze fannen. 

Ee vun den Experten an der Emissioun ass den Dr Olivier Revol, Neuropsychiater a Kannerpsychiater vu Lyon a Spezialist vum ADHS. Hien ass den Dag no der Emissioun um radio 100,7 (de 27. Oktober) den Haaptriedner bei der Ofschlosskonferenz vum Mount fir den ADHS. Dës fënnt vun 18.00 bis 20.00 Auer am Immeubel “Terres Rouges” zu Esch-Belval statt a gëtt live um Youtube-Kanal vum Educatiounsministère iwwerdroen. 

Méi iwwer de Mount fir den ADHS an den Thema u sech fannt Dir op www.tdah.lu.

D’Participatioun vun Enseignante um Webinaire gëtt vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu