Actualités

Gewënner vum MathleTIC Challenge 2021

Gewënner vum MathleTIC Challenge 2021
18/10/2021

Déi siwent Oplag vum MathleTIC Kapprechen-Challenge gouf vum 6. Oktober um 8:00 Auer bis den 8. Oktober 2021 um 16:00 Auer organiséiert.

Am Ganzen hunn 1.063 Schüler matgemaach an insgesamt 1.094 Stonne Kapprechnunge geléist.

68.730 Stären an 21.034 Medaile goufen am Ganze gesammelt!

All Klass déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech.

D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg hir Cadeau’s-Bonge per Post.

Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:

  • 1 Cycle 3: D’Klass längelzeg Marionett 2 huet ee Score vu 14.455 Punkten erreecht mat 979 Stären an 317 Medailen.
  •  Cycle 4: D’Klass meditativ Pilotin huet ee Score vun 30.412 Punkten erreecht mat 2.451 Stären an 799 Medailen.
  • Voie de préparation: D’Klass d'Rechentäschner huet ee Score vun 11.057 Punkten erreecht mat 989 Stären an 299 Medailen.
  • Cycle inférieur: D’Klass déi Bescht ginn net déi Lescht huet ee Score vu 27.782 Punkten erreecht mat 2.604 Stären an 857 Medailen.

 

Am MathleTIC Kapprechen-Challenge geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.

Dësen Challenge gëtt iwwer d'MathemaTIC-Plattform proposéiert an ass zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu