< retour
D'Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung, déi de 15. Januar 2022 sollt am Forum Geesseknäppchen stattfannen, gëtt op den 23. Abrëll verréckelt.
Dëst Evenement gëtt vum SCRIPT/MENJE, der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.
De ganzen Dag iwwer steet d’Theema vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung am Mëttelpunkt.