< retour
De 17. Oktober 2022 war am Kinepolis um Kierchbierg d’Avant-première vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’, realiséiert vum Tom Alesch.
Bei dësem Evenement waren ënner anerem déi ierfgroussherzoglech Koppel, S.A.R. de Prënz Guillaume a seng Fra, S.A.R. d'Prinzessin Stéphanie, de M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de M. Luc Weis, Direkter vum SCRIPT an eng Rei SCRIPT-Mataarbechter, déi aktiv um Projet bedeelegt waren, present.
Dëse Film gëtt en Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft. Verschidde Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn, weisen an erzielen, wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Jore bei der Produktioun, der Vermaartung an der Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war.
De Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’ ass eng Produktioun vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl mat der Hëllef vum Oikopolis-Grupp a vun der Oikopolis Foundation Luxembourg, a Partnerschaft mam Cactus-Grupp, a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, vum Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, vum Ministère de la Protection des consommateurs a vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.
D’Equipe aus der Division de l'innovation pédagogique et technologique vum SCRIPT huet didaktescht Material ausgeschafft fir de Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’ ze begleeden.