Actualités

Nei Offer am Beräich vum Entrepreneuriat an der 'Éducation financière'

Nei Offer am Beräich vum Entreprenariat an der 'Éducation financière'
28/03/2023

Am Kader vum SCRIPT-Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' geet et drëms, d'Schülerinnen an d'Schüler ganzheetlech ze stäerken an se op d'Liewen no der Schoul virzebereeden. Aus deem Grond gëtt vill Wäert op den direkte Kontakt mat der Aarbechtswelt an de professionellen Acteure geluecht. 

De Partner HORESCA huet sech an deem Kontext d'Zil gesat, deene Jonken d'Perspektiven aus dem Secteur ze weisen, andeems seng Memberen hir Diere fir Schoulklassen opmaachen. Nieft dem Restauratiouns-Grupp Concept and Partners empfänkt den Hotellerie-Grupp Novotel Lëtzebuerg säit neistem Schoulklassen.

  • Ënnert dësem Link si méi Informatiounen zu dëser Initiativ ze fannen.

Mat der 'Luxembourg for Sustainable Finance Initiative' huet de Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' e weidere Partner u Bord, dee mat der interaktiver Konferenz 'Sustainable finance for all: why it is important and how can it be useful for us and our planet' deene Jonken en Abléck an den Domaine vun den nohaltege Finanze bitt.

  • Ënnert dësem Link si méi Informatiounen zu dëser Initiativ ze fannen.

Och déi aner 17 Partner passen hir Offer permanent den aktuellen Defien un a bidde sënnvoll Initiativen am Beräich vum Entrepreneuriat, der Éducation financière, der Orientéierung an der wirtschaftlecher Nohaltegkeet un.

Projet 'Sustainable Entrepreneurial School'

Am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial School' engagéiere sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen.

De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/ Labelen erreechen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu