Actualités

'De Piwitsch' um Kannerrechtsrallye

'De Piwitsch' um Kannerrechtsrallye
22/05/2023

De 17. Mee 2023 war nach méi lass wéi gewinnt am Parc Merveilleux zu Beetebuerg: Ronn 270 Schülerinnen a Schüler waren nämlech zesumme mat hiren Enseignanten an Enseignanteën op de Kannerrechtsrallye komm, déi vum Service des Droits de l’Enfant vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) organiséiert gouf, a Kollaboratioun mam Service national de la Jeunesse (SNJ) a mat der Participatioun vun enger Rei vu Partneren, dorënner och 'De Piwitsch', de Magasinn fir Kanner, dee vum SCRIPT editéiert gëtt.

Op sechs Statioune konnten d’Kanner op eng spilleresch Aart a Weis d’Rechter entdecken, déi an der Kannerrechtskonventioun vun de Vereenten Natioune verankert sinn.

Um Stand vum 'Piwitsch' ass et em d’Recht op Fräizäit, Spill an Erhuelung an em d’Recht op Informatioun gaangen. No enger Diskussioun doriwwer mat de Kanner gouf et dunn um Stand vum 'Piwitsch' eng Kreativitéitsexplosioun: d’Klassen hunn de 'Piwitsch' super dekoréiert! Op www.piwitsch.lu fannt Dir ënnert dësem Link e Reportage dozou.

De Magasinn fir Kanner thematiséiert all Mount zesumme mam Service des Droits de l’Enfant en anert Kannerrecht. Surft laanscht a fannt um 'Piwitsch'-Internetsite Informatiounen, déi am Unterrecht kënne verwent ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu