< retour
Déi 10. Oplag vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge' gouf vum 16. Oktober um 8:00 Auer bis den 18. Oktober 2024 um 16:00 Auer organiséiert.
Am Ganzen hunn 1.519 Schüler a Schülerinnen aus 242 Klasse matgemaach an insgesamt 2.290 Stonne Kapprechnunge geléist.
161.119 Stären a 107.412 Medaile goufen am insgesamt gesammelt!
All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Module bleiwen no dem Challenge fir all Schüler a Schülerinnen zougänglech. D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg/ Wochen hir Cadeaue per Post.
#1 Cycle 3: D’Klass 'Unicorners' huet ee Score vu 14.953 Punkten erreecht.
#2 Cycle 3: D’Klass 'D'Rechemaschinnen' huet ee Score vun 12.873 Punkten erreecht.
#3 Cycle 3: D’Klass 'Fläisseg Wichtelcher' huet ee Score vun 12.063 Punkten erreecht.
#1 Cycle 4: D’Klass 'Sonnegewënner' huet ee Score vu 35.395 Punkten erreecht.
#2 Cycle 4: D’Klass 'De flotte Steen' huet ee Score vun 33.810 Punkten erreecht.
#3 Cycle 4: D’Klass 'Gespaante Mierleefer' huet ee Score vun 32.000 Punkten erreecht.
#1 Voie de préparation: D’Klass nodenklech Statsfra huet ee Score vun 3.575 Punkten erreecht.
#1 Cycle inférieur: D’Klass 'SLL Wolves aka Maschinnen' huet ee Score vun 30.407 Punkten erreecht.
#2 Cycle inférieur: D’Klass 'akrobateschen Zockerbäcker 2' huet ee Score vu 17.425 Punkten erreecht.
#3 Cycle inférieur: D’Klass 'Begeeschtert Zwillingsschwëster' huet ee Score vu 15.647 Punkten erreecht.
Am 'Kapprechnen-Challenge' geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.
Dësen Challenge gouf iwwer www.mathematic.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klassen aus de Cyclen 3 a 4 vum Enseignement fondamental, der Voie de préparation a de Cycles inférieures vum Enseignement secondaire.