< retour
Och am neie Joer gëtt d’Kannerzeitung gratis an all Grondschoul am Land verdeelt. 'De Piwitsch' gëtt et natierlech och um Internet ënnert www.piwitsch.lu. Do fannen d'Lieserinnen an d'Lieser aus de Cyclen 3 a 4 all d’Texter op Däitsch an op Franséisch. Nieft dem E-paper fannen d’Kanner do elo och all Mëttwoch en neien Artikel vun der Woch.
Wat gëtt et an dëser Nummer z’entdecken?
Nächste Mount ass schonn d’Fuesent. 'De Piwitsch' huet sech ugekuckt, wéi de Karneval eigentlech an anere Länner geféiert gëtt. Féiere se iwwerall mat konterbonte Kostümer a Séissegkeeten? Apropos konterbont. Wisou gesäit een e Reebou just, wann et reent? 'De Piwitsch' huet fir Iech e klengt Experiment gemaach. Nomaachen ass ausdrécklech erwënscht!
A wa mir scho beim Waasser sinn. Wou leeft eigentlech dat ganzt Waasser hin, dat mir verbrauchen? Kläranlage maachen et nees propper, mee wéi funktionéiert dat? Liest et selwer am 'Piwitsch'.
Et gëtt een awer och gewuer, wou de Kakao fir de Schockela hierkënnt a wat genee dat neit Wizzle-Spiel ass. Den Ufank vum Joer ass och d’Zäit fir en Dräikinnekskuch ze baken. Am neie 'Piwitsch' fannt Dir dat richtegt Rezept.
Och d’Déiere kommen an der neier Nummer net ze kuerz. Léiert d’Déiere mat hire besonnesche Rekorder kennen. Oder wësst Dir wéi een Déier am mannste weit oder wéi een Déier am meeschte Fell huet?
Passend zum kale Wieder fannt Dir am 'Piwitsch' och puer flott Bicher. Do misst fir all Goût eppes dobäi sinn. Nieft deene spannende Geschichte gëtt awer natierlech och wéi gewinnt am 'Piwitsch' nees eng flott Liesgeschicht; dës Kéier vum Linda Pleimling.
Nieft der 'Piwitsch'-Redaktioun waren awer och d'Minireporter nees ganz aktiv. Ze liesen ass an der aktueller Editioun eng 'Mini-Redaktioun' vu Walfer.
Vill Spaass beim Liesen.
Wat ass 'De Piwitsch'?
'De Piwitsch' ass e Projet, fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.
Zanter e puer Woche gëtt et 'De Piwitsch' online souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch. Sollt Dir Froen hunn, kënnt Dir Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per Email op info@piwitsch.lu mellen.