< retour
Den 20. Dezember 2024 ass den offizielle Kick-off vum 'Mobility Era Game' zu Lëtzebuerg gefeiert ginn.
Am Kader vun dësem Event hunn eng Partie Enseignanten/ Enseignanteën hir Spiller offiziell entgéintgeholl, fir se an hierem Cours kënnen anzesetzen.
D’Spill ass en innovatiiven Tool fir d’Financial Literacy op eng spannend an interaktiv Manéier ze vermëttelen.
Mat sengen dynameschen Inhalter simuléiert et déi verschidde Facettë vum Liewen: vum Budgetéieren iwwer Investitioune bis hin zu spontanen Erausfuerderungen, wéi onerwaarte Käschten oder Karriärswiessel. Dëst mécht et zu engem wäertvollen Instrument, fir Schüler/ Schülerinnen op praktesch a spilleresch Aart a Weis op reell Liewenssituatioune virzebereeden.
Duerch dësen éischte Schrëtt kënnen Enseignanten/ Enseignanteën a Schüler/ Schülerinne gläichermoosse profitéieren, andeems se net nëmme spillen, mee och léieren Strategien ze entwéckelen. D’Zil vum 'Mobility Era Game' ass et, all Participant/ Participante ze motivéieren, fir hir finanziell Zukunft aktiv an d’Hand ze huelen.
Dëse Kick-off markéiert e wichtege Moment an der Aféierung vum Spill an de Schoulkontext – mat villen engagéierten Acteuren, déi d’Zil hunn, de Bildungssecteur mat neie pedagogeschen Usätz weiderzebréngen.
Weider Informatiounen zum Spill fannt Dir op der Websäit www.mobilityeragame.com oder stellt Är Froe per E-mail op d’Adress hello@mobilityeragame.com.