< retour
De 16. Januar 2025 war den Educatiounsminister Claude Meisch op Visitt an der Schoul Deich zu Diddeleng.
Zesumme mam Buergermeeschter Dan Biancalana, der Schäffe Josiane Di Bartolomeo-Ries an de Membere vun der Regionaldirektioun stounge souwuel Hospitatiounen am Cycle 2.1 a Cycle 2.2 um Programm, grad ewéi e Besuch am Cycle 1.
Et war eng flott Geleeënheet fir ze gesinn, wéi de Projet an de Klassen ëmgesat gëtt an e wichtege Moment fir sech mat den Enseignanten auszetauschen.