< retour
Déi lescht Woch war den Ofschloss vun der zweeter Editioun vum Projet 'Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja'.
Och dëst Joer haten nees 5 Klassen aus dem ganze Land d’Chance zesumme mat hirer/m Enseignant(e) a mat der Ënnerstëtzung vun der Ekipp vu 'mimamu' een eegenen Hiphopsong ze schreiwen. De besonneschen Highlight vun dësem Projet ass awer d’Zesummenaarbecht mat der Rapperin Nicole Bausch (alias Nikki Ninja).
Mat hir zesummen huet 'mimamu' eng komplett Unterrechtsrei mat interaktive Videoen a Materialien entwéckelt an deenen d’Klassen d’Nikki an déi faszinéierend Welt vum Hiphop an der Rapmusek kenne léieren a souguer hiren eegene Raptext schreiwen. An engem Atelier vu 'mimamu' an der Klass entsteet dann och déi passend Musek fir e Playback.
Kuerz dono sinn d’Kanner da prett fir dee grousse Moment: Si léieren d’Nikki Ninja perséinlech kennen, üben zesumme mat him hiren eegene Song an huelen dëse souguer an engem professionelle Studio op. Eng bleiwend Erënnerung un eng ganz besonnesch Experienz vun eise jonke Musekerinnen a Museker.