Actualités

'Journées du livre et du droit d’auteur 2025 - Grouss a kleng Helden': Schoulen, déi matmaachen

''
13/03/2025

De SCRIPT huet fir d’J'ournées du livre et du droit d’auteur 2025' d’Aktioun 'Grouss a kleng Helden' an de Grondschoulen grad wéi an de Lycéeë lancéiert.

Bei 'Grouss a kleng Helden' geet et engersäits ëm bekannt Heldinnen an Helden aus der Geschicht, de Märercher an de Mythen oder soss aus der Literatur. Et ginn awer och onbekannt Heldinnen an Helden am reelle Liewen, déi sech berufflech oder fräiwëlleg fir anerer asetzen, och wann dat fir si opwänneg oder geféierlech ka sinn.

An da wësse mir, dass och alt emol Déiere kënne Helde sinn.

Dëst ass just eng kuerz Ëmschreiwung vum Theema, dat 2025 am Mëttelpunkt vun de Journéeë steet.

Eng 46 Grondschoulen mat méi wéi 550 Klassen an eng 10 Lycéeën huelen 2025 un der Aktioun 'Grouss a kleng Helden' deel an hunn sech ugemellt.

Si hunn deels scho villfälteg Programmer annoncéiert, déi vu Concoursen iwwer Liesungen, Atelieren a vill Aktivitéite soss ginn. Et geet ëm Helden aus der Literatur oder der Geschicht, awer och aus der aktueller Gesellschaft. Schülerinnen a Schüler wäerten zesummen iwwerleeën, wat et heescht, en Held respektiv eng Heldin ze sinn.

E grousse MERCI vum MENJE un all Schoule fir d’Matmaache bei der Aktioun!

Grondschoulen

École fondamentale de la commune de Berdorf (Berdorf) / Biisser Schoul (Bissen) / Zentralschoul Buurschent (Bourscheid) / Centre scolaire Grand-Duc Henri (Colmar-Berg) / Campus Scolaire de la commune de Dalheim (Dalheim) / École fondamentale Differdange-centre (Differdange) / École fondamentale Oberkorn (Differdange) / École Boudersberg (Dudelange) / École Strutzbierg (Dudelange) / Schoul Um Fräschepillchen (Ell) / École fondamentale Bruch (Esch-sur-Alzette) / École centrale Heiderscheid (Esch-sur-Sûre)  / Centre pour le développement intellectuel Warken (Ettelbruck)  / Angsber Schoul (Fischbach) / École Fondamentale de la Commune de Frisange (Frisange) / École Garnich (Garnich) / École d'Alzingen (Hesperange) / Schoul Jonglënster (Junglinster) / École Faubourg (Kayl) / Fielser Schoul (Larochette) / École fondamentale de la commune de Lenningen (Lenningen) / École fondamentale de Leudelange (Leudelange) / Campus scolaire Jos Wohlfart (Lorentzweiler) / École fondamentale Beggen (Luxembourg) / École fondamentale Hamm (Luxembourg) / École fondamentale Merl (Luxembourg) / International School Michel Lucius (Luxembourg) / École de Mersch (Mersch) / École de Mondercange - bâtiment Pontpierre (Mondercange) / Complexe scolaire Grande-Duchesse Maria Teresa (Mondorf) / École fondamentale Am Sand (Niederanven) / Schoulcampus Noumer (Nommern) / Schoul Lamadelaine (Pétange) / Schoul Péiteng (Pétange) / École de Roeser – bâtiment Crauthem (Roeser) / École fondamentale de la commune de Rosport-Mompach (Rosport-Mompach) / Zentralschoul Remerschen (Schengen) / École Nelly Stein (Schifflange) / École Fondamentale de la Commune de Steinsel (Steinsel) / École fondamentale Billek (Syndicat Billek Dreiborn) / Ëlwenter Schull (Troisvierges) / Schoul Useldeng (Useldange) / Veiner Schull (Vianden) / Schoul Um Sonnegäertchen (Vichten) / Wämper Schull (Weiswampach) / Schoul um Kiemel (Wincrange)

Lycéeën

Athénée de Luxembourg / École privée Sainte-Anne / Lycée Bel-Val / Lycée classique d’Echternach / Lycée Ermesinde / Lycée Mathias Adam / Lycée technique agricole / Lycée technique du Centre / Nordstadlycée / Sportlycée

Contact