Actualités

Lancement vum Site liesen.lu zur Liesfërderung an der Grondschoul

''
02/07/2025

Bäi Geleeënheet vun der Finall vun der 20. Editioun vum 'Virliesconcours' den 1. Juli 2025 am Ariston zu Esch-Uelzecht gouf den neien Internetsite www.liesen.lu lancéiert.

Op dësem Site presentéiert de SCRIPT seng Initiativen am Beräich vun der Liesfërderung an de Lëtzebuerger Grondschoulen. Dobäi ass besonnesch de Katalog 'Lies a fléi' ervirzehiewen: e regruppéiert Kannerbicher, déi op Lëtzebuergesch publizéiert goufen an aktuell am Buchhandel ze fanne sinn.

Iwwert d’Onlinedatebank mat diverse Filteren a Sichfunktiounen ass eng geziilt Bichersich méiglech. De Katalog gëtt permanent aktualiséiert an erweidert.

De Site liesen.lu presentéiert och Aktualitéiten aus der Liesfërderung a pedagogesch Materialie ronderëm d’Liesen, déi vum SCRIPT ënnerstëtzt oder ugebuede ginn.

Contact