Actualités

SCRIPT-Delegatioun zu Osaka op der Weltausstellung

''
29/07/2025

Op der 'Learning and Playing Week' vun der Weltausstellung zu Osaka war Lëtzebuerg duerch eng Delegatioun vum SCRIPT vertrueden. Si huet fir dës thematesch Woch verschidden Ateliere fir Kanner an Erwuessener ausgeschafft.

De SCRIPT ass mat zwee ënnerschiddleche Projeten a Japan gereest.

Passend zur Themewoch, déi ënnert de Motto 'How to handle information in times of AI' stoung, huet d’'Piwitsch'-Equipe e lëschtege Quiz an zéng Kategorien op d’Bee gestallt. D’Zil war et, de Visiteuren en authenteschen Abléck ze bidden: wat gëtt am Grand-Duché giess, wéi eng Plaze si besonnesch schéin, wat geschitt am Beräich Technologie a Fuerschung a wat huet d’Kulturzeen ze bidden. Wossten d’Visiteuren net méi wieder, haten si d’Méiglechkeet sech vun enger agebauter AI hëllefen ze loossen.

An engem zweeten Atelier konnten d’Gäscht spilleresch an d’Welt vun der Musek andauchen an hiren eegene Remix produzéieren. Heifir huet sech d’Equipe vu 'Mimamu (Mir maache Musek)' eppes ganz Spezielles afale gelooss. De Participante vum Workshop stoung eng Auswiel u komponéierte Beats a Samples zur Verfügung. Dës konnte fräi matenee kombinéiert ginn. D’Beats hu sech aus moderne Museksgenren an och méi traditionelle lëtzebuergesche Lidder zesummegesat . Zousätzlech konnten dës Beats mat Biller a Videoe verbonne ginn. Ganz ouni musikalesch Virkenntnesser hunn d’Visiteure Lëtzebuerg sou souwuel a Bild wéi och an Toun kennegeléiert a konnten hire personaliséierte Musekvideoclip produzéieren.

Och wann dës zwee Ateliere fir d’'Learning and Playinng Week' konzipéiert goufen, wäerte si elo awer net verschwannen. D’Projete sinn esou entwéckelt ginn, datt se fir d’Lëtzebuerger Schoulen ugepasst kënne ginn. Mat e puer klenge Modifikatioune wäerten dës nei Outilen och ab der Rentreé de Schülerinnen a Schüler zu Lëtzebuerg zur Verfügung stoen. D’Equipe vum SCRIPT konnt op dësem Wee weisen, datt si ëmmer nees un innovative Léiermethode schaffen, fir dës am Schoulsystem z’implementéieren.

Mat dësen zwee spillereschen Ateliere fir Grouss a Kleng konnten d’Visiteure Lëtzebuerg nach eng Kéier aus verschiddene Perspektiven erliewen. De Feedback war immens positiv. Virun allem d‘Interaktivitéit gouf immens appreciéiert. Als individualiséierte Kaddo konnten d’Visiteuren sech hiren eegene Luxemburg Expert Button erstellen. Och hei koum natierlech nees d’AI zum Asaz. De Selfie gouf duerch eng agebauten AI am Quiz zu engem Comiccharakter ëmgewandelt, ausgeprint an op e Bagde gepecht. Dëse gouf immens dankbar vun de Visiteuren ugeholl.

An dëser Woch konnten d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter vum SCRIPT ronn 2.000 Participanten an hire Workshops begréissen.

 

Contact