< retour
Mat der Rentrée 2025 gëtt et elo net nëmme fir de Cycle 3, mee och fir de Cycle 4 en neit Liesbuch mat Erzielungen, Gedichter an Auszich aus Theaterstécker op Lëtzebuergesch.
De 'Flott' (Cycle 3) an de 'Flottflott' (Cycle 4) maache Loscht op d’Liesen an op d’Literatur a Lëtzebuerger Sprooch. Si ersetzen déi zwee Bänn vum 'Lies a Fléi'.
D’Auswiel vun den Texter an d’Konzept goufen nei iwwerduecht: Beléift Geschichten aus der Lëtzebuerger Kannerliteratur wéi 'D’Maus Kätti' oder 'De Wëllefchen an de Fiisschen' wiesselen sech of mat moderne Klassiker a mat Texter iwwert aktuell Theeme wéi Mobbing, Konsum a Migratioun.
Bei all Text stinn nieft den Illustratiounen och Wuerterklärungen a kandgerechter Sprooch, déi et de Kanner méi einfach maachen, d’Geschichte selwer ze entdecken. Doriwwer eraus kann een all Text iwwert e QR-Code lauschteren. Informatiounen iwwert d’Auteuren an d’Autorinne wéi och Propose fir den Ëmgang mat den Texter ënnerstëtzen d’Léierpersonal beim Plange vun hirem Unterrecht.
An all Buch sinn d’Texter no Theeme gruppéiert. Mat enger Zousazkategorie, déi den Titel 'Liestraining' dréit, kënnen d’Kompetenze vum Virliesen a vum geneeë Liesen op eng spilleresch Manéier geziilt trainéiert ginn.