Actualités

5. nationale 'Sustainable Entrepreneurial School-Dag'

''
29/10/2025

Den 23. Oktober 2025 huet de SCRIPT, zesumme mam Ekonomiesministère, de fënneften nationale 'Sustainable Entrepreneurial School-Dag' organiséiert.

D’Initiativ vun de 'Sustainable Entrepreneurial Schools' bréngt Lycéeën zesummen, déi sech dofir asetzen, de Nohaltegkeetsgedanken am Schoulalldag ze liewen an déi Kompetenzen ze fërderen, déi am Entrepreneuriat, mee och soss am Beruffsliewe wichteg sinn. D’Zil vum Projet ass et, d’Kreativitéit, d’Eegeninitiativ an d’Verantwortungsgefill vun de Jonken ze stäerken. Am Kader vum Projet kënnen d’Lycéeën ee vun dräi Niveauen  erreechen. Méi Informatiounen iwwert de Projet fënnt een op www.entrepreneurship.lu.

Den Dag huet mat engem Rallye fir Schülerinnen a Schüler a Kollaboratioun mat de Partner vum Projet an enger Formation continue fir Léierpersounen ugefaangen.

Owes gouf et eng feierlech Zeremonie a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend fir déi Schoulen ze belounen, déi sech 2024-2025 am Beräich vum Entrepreneuriat besonnesch engagéiert haten.

An deem Kader goufen och nei 'EduStart-Ups' virgestallt. De Projet 'EduStart-Ups' ënnerstëtzt d’Grënnung vu Schoulentreprisen. En huet am Schouljoer 2023-2024 mat dräi Pilotschoulen ugefaangen. Am Laf vum Joer 2024-2025 ass de Projet op siwe Schoule gewuess a gëtt aktuell an néng Schoulen ëmgesat, déi d’Entrepreneuriat aktiv an hire Schoulalldag integréieren.

Nieft dësen Neiegkeeten am Beräich vum Entrepreneuriat stoung dëst Joer och d’Theema Financial literacy am Mëttelpunkt. Am Kader vun de Beméiunge fir déi finanziell Bildung vun de Jonken ze stäerken, gouf annoncéiert, datt fir d’nächst Schouljoer en neie 'Finanzfürerschein' ausgeschafft gëtt. Dëst neit Instrument soll de Lycéeën hëllefen, op e verantwortungsvollen an informéierten Ëmgang mat Sue virzebereeden.

Als weider Entwécklung an dësem Beräich kënnen d’Lycéeë schonn dëst Joer e 'Financial Literacy Label' kréien, deen hiert Engagement fir eng qualitativ gutt a strukturéiert finanziell Bildung am Schoulkontext unerkennt.

An deem Kontext huet de SCRIPT, zesumme mat der Fondation ABBL, eng Table Ronde mam Titel 'Argent, jeunes et avenir – le Luxembourg face aux défis de l’éducation financière' am Melusina organiséiert. Et goufen – a Präsenz vu villen nationale Partner an Acteuren aus dem Bildungs- a Finanzsecteur Méiglechkeeten an Erausfuerderunge fir d’Integratioun vun der finanzieller Bildung an d’Schoulen an an d’Gesellschaft diskutéiert.

Déi follgend Lycéeë goufen am Kader vum Owend fir hiren Engagement ausgezeechent:

N1 – Start-Up
• École Privée Saint-Anne
• Lycée Bel-Val
• Lycée Michel-Rodange

N2 – Entrepreneurial Progression

• Lënster Lycée International School

N3 – Entrepreneurial Culture

  • Atert-Lycée Redange
  • Bouneweger Lycée
  • École de commerce et de gestion – School of Business and Management
  • École Privée Fieldgen
  • École Privée Marie-Consolatrice
  • Lycée Aline Mayrisch
  • Lycée Classique d’Echternach
  • Lycée - International School Michel Lucius
  • Lycée Nic-Biever
  • Lycée Robert Schuman
  • Lycée Technique Agricole
  • Lycée Technique d’Ettelbruck
  • Lycée Technique de Lallange
  • Maacher Lycée

Contact