< retour
Dëse Concours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement Fondamental riicht an dee vum Educatiounsministère organiséiert gëtt, leeft 2026 fir d’21. Kéier.
Zanter 2024 huet de Concours duerch eng ganz Rei Neierungen eng nei Nues kritt:
Als zweet Sprooch kann och Englesch genotzt ginn.
An der iwwerschaffter Broschür zum 'Virliesconcours 2026' ënnen op der Säit fënnt een den Detail vum Concours.
D’Finall mat Publikum ass den 2. Juli 2026 am Ariston zu Esch.
D’Umeldung vun der Schoulgewënnerin oder dem Schoulgewënner duerch den Enseignant respektiv de Schoulbibliothecaire ka bis spéitstens den 13. Februar 2026 ënnert dësem Link gemaach ginn.