Actualités

'Didacta 2026' zu Köln: Visitt vun der gréisster Bildungsfoire an Europa

''
20/01/2026

D’'Didacta' ass dee gréisste Fachsalon fir Enseignanten an Enseignanteën aus alle Beräicher vun der Educatioun an Europa an dat wichtegst Weiderbildungs-Evenement am Secteur.

Iwwer 700 Aussteller (Ministèren, Institutiounen an Organisatiounen) aus méi wéi 60 Länner presentéieren do hir Offeren am Beräich vun der fréikandlecher Betreiung, der Grondschoul, dem Enseignement secondaire, dem Héichschoulwiesen, esou wéi der Beruffsausbildung.

De SCRIPT organiséiert eng Rees op d’'Didacta' donneschdes, den 12. Mäerz 2026 (Aller-Retour de selwechten Dag) fir Fachleit aus dem Educatiounsberäich.

Umelle kann een sech iwwer dësen Online-Formulaire (jee no Disponibilitéit vun de Plazen – first come, first served).

 

Praktesch Detailer

  • Aller: Donneschdeg, den 12. Mäerz 2026, Depart um 6h30 vum P+R Bouillon, Arrivée op der 'Didacta' géint 9h00/9h30
  • Retour: Donneschdeg, den 12. Mäerz 2026, Depart um 17h00 vun der 'Didacta', Arrivée um P+R Bouillon géint 20h00/21h00
  • Adress vum Evenement: Kölnmesse – Messeplatz 1 – D-50679 Köln
  • D'Käschte fir d'Busrees gi vum SCRIPT iwwerholl (Umeldung ënner Virbehalt vun Akzeptanz an Disponibilitéit)
  • D'Entréestickete fir d’'Didacta' gi vum SCRIPT zur Verfügung gestallt
  • Méi Informatiounen ginn et um Internetsite www.didacta-koeln.de
  • Bei Froen, kontaktéiert w.e.g. d'Mme Sylvia Mann: sylvia.mann@men.lu / Tel.: (+352) 247-95987

Contact