Actualités

Video: Politesch Bildung – wat ass dat?

''
10/02/2026

De SCRIPT produzéiert eng Video-Serie mam Zil, Enseignanten/Enseignanteën an Educateure/Educatricë fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) ze sensibiliséieren.

Dës Videoe liwweren net nëmmen en Iwwerbléck iwwer Ziler, Inhalter a spezifesch Léiermethode vun der BNE, zu all Clip gëtt et och eng Lëscht mat Recommandatiounen zu Fachliteratur, Léiermaterial an themegebonnene Weiderbildungen. 

Nodeems de SCRIPT am Dezember säin éischte méi allgemenge Video 'BNE – Bildung fir nohalteg Entwécklung: Verstoen, Verantwortung iwwerhuelen, Zukunft gestalten' erausbruecht huet, gouf elo deen zweete Clip vun der Serie publizéiert. Dëse konzentréiert sech op ee spezifesche Beräich vun der BNE, d'politesch Bildung. Kuckt Iech hei de Video 'Politesch Bildung: Demokratie léieren, matbestëmmen, Zesummeliewe gestalten' un a loosst Iech inspiréieren.

Verpasst och net eis nächst Videoen zur Klimabildung, der Outdoor and Environmental Education an dem Sustainable Entrepreneurship! 

Weider Informatioune fannt Dir op www.bne.lu.

Contact